Nom Vulkanausbroch op der kanarescher Insel La Palma ass Lava an den Atlantik gefloss.

Dat huet de Vulkanologeschen Institut vun de Kanaren op Twitter matgedeelt. Experte fäerten dass de Kontakt tëscht der Lava an dem Mierwaasser geféierlech Gase fräisetze kéint. Och extrem waarm Welle kéinte méiglech sinn. D’Autoritéiten hunn an deem Kader eng Spärzon definéiert an d’Bierger dozou opgefuerdert doheem ze bleiwen.