© Police Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie waren tëscht Räichel an Osper en Auto an eng Camionnette matenee kollidéiert.
E Mëttwoch de Moie war et op der N23 tëscht Räichel an Osper zu engem uerge Verkéiersaccident komm. En Automobilist war hei mat sengem Auto vun Osper an Direktioun Räichel ënnerwee wéi eng Camionnette vun engem Feldwee op d'N23 opgefuer war. Doropshi koum et op dëser Plaz zu engem schwéieren Accident, bei deem den Automobilist a sengem Auto ageklemmt gouf.
Hien huet misse vun de Secouristen aus dem Auto gebuerge ginn. Nodeems den Noutdokter sech op der Plaz ëm de Mann gekëmmert hat, gouf hie mam Rettungshelikopter an d'Spidol transportéiert.
An der Camionnette souzen zum Zäitpunkt vum Accident 5 Persounen. 2 vun hinne koume fir eng Kontroll am Spidol. Wéi et ausgesäit sollen si keng schwéier Blessuren dovu gedroen hunn.
D'Strooss war wärend de Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart. Zënter 10h15 de Moien ass d'N23 allerdéngs nees op.
© Police Lëtzebuerg