Nieft den Amphetaminnen hunn d'Polizisten och 220 Gramm Kokain a bal 3000 € séchergestallt.

Géint 17h10 en Dënschdeg den Owend war et Beamte vun der Droge-Sektioun vun der Police Judiciare gelongen e Mann festzehuelen, deen sech um Kierchbierg enger Kontroll entzéie wollt, festzehuelen. An engem Rucksak, deen de Mann bei senger Flucht ewech gehäit hat, konnten d’Beamten 104 Gramm Amphetaminnen a bal 3000 € Boergeld sécherstellen.

Bei enger Perquisitioun déi doropshin op der Adress vum Mann gemaach gouf, konnten d’Poliziste weider 1,8 Kilogramm Amphetaminnen an 220 Gramm Kokain sécherstellen. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet decidéiert, dass de Mann an Untersuchungshaft ënnerbruecht gëtt.