A Frankräich gëtt vun en Donneschdeg un den Asaz vum Gesondheetspass erweidert.

Jonker tëscht 12 a 17 Joer mussen och elo de Pass virweise fir a kulturell Institutiounen oder a Restauranten eranzekommen. Se mussen also geimpft, negativ getest oder geheelt sinn. An der Schoul ass esou e Pass awer nach net gefrot. Dem franséische Gesondheetsministère no wiere ronn 63 % vun de Jonken an dëser Alterskategorie komplett geimpft. 71 % hätten op d’mannst eng Dosis kritt.