YouTube geet elo méi streng géint Fake News vun Impfgéigner vir.

Videoen déi zougeloossen Impfstoffer fälschlecherweis als geféierlech duerstellen, ginn direkt geläscht. Dat huet d’Plattform e Mëttwoch matgedeelt. Net nëmme Fake News iwwer Corona-Impfstoffer gi geläscht mee och iwwert all anere Vaccin deen zougelooss ass. Donieft goufe Kanäl vu bekannten Impfgéigner geläscht.