© LIONEL BONAVENTURE / AFP
Wéi e Responsabele vu Facebook e Méindeg den Owend sot, wier et duerch Aarbechten un de Routere vum sozialen Netzwierk zu technesche Problemer komm.
E Problem mat de Routere soll de Grond fir déi gréisser Pann gewiescht sinn, zu där er et e Méindeg den Owend bei Facebook, Instagramm a Whatsapp komm war.
Wéi de Santosh Janardhan, Vizepresident vun der Infrastruktur vu Facebook, matgedeelt huet, hätt een d’Routeren, déi den Trafic vun den Donnéeën tëscht den eenzelen Datenzentere vum sozialen Netzwierk regléieren, e Méindeg den Owend nei konfiguréiert. Doropshi wier et zu technesche Schwieregkeete komm an d’Datenzenteren hätten net méi matenee kommunizéiere kënnen. Dat hätt dozou gefouert, dass déi verschidde Servicer vum Netzwierk zäitweis net méi ze erreeche gewiescht wieren.