Weltwäit huelen sech all Joers 46.000 Mënschen am Alter tëscht 10 an 19 Joer d'Liewen.

Weltwäit soll all siwente Mënsch am Alter tëscht 10 an 19 Joer soll un enger psychescher Stéierung leiden.

Dat geet aus engem Rapport vun der Unicef ervir, deen en Dënschdeg publizéiert gouf. Zu dëse Stéierunge sollen ënner anerem Depressiounen, Angscht-Stéierungen a Verhalenes-Opfällegkeeten zielen. Weider heescht et am Rapport, dass d’Corona-Pandemie nach weider gravéierend Auswierkungen op dat psychescht Wuelbefanne vun de Jonken gehat hätt. Dës Suitte vun der Pandemie sollen nach wärend Joren ze spiere sinn.