No engem Accident op der A1 haten e Méindeg 2 Persoune misste mam Rettungshelikopter an d'Spidol transportéiert ginn.

Géint 17h55 e Méindeg den Owend war et op der A1 zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm. Dat an Direktioun Stad, tëscht Waasserbëlleg a Mäertert.

Éischten Erkenntnisser no soll hei e Camion engem anere Camion, deen um Enn vun engem Stau stoung, hannendrop gefuer sinn. Dëse Camion ass dann engem weidere Camion hannendra gerannt.

Béid Persounen, déi am éischte Camion souzen, goufe beim Accident ageklemmt a schwéier blesséiert. Si goufen op der Plaz vum Noutdokter versuergt a mam Rettungshelikopter an d’Spidol transportéiert. D’Autobunn war opgrond vun de Rettungs- a Botzaarbechte bis 05h00 en Dënschdeg de Moie gespaart.