Eng fréier Facebook-Mataarbechterin a Whistleblowerin huet en Dënschdeg virum US-Kongress d’Entreprise staark kritiséiert.

D’Frances Haugen huet eng streng Reguléierung vu Facebook gefuerdert. Et wier dovun iwwerzeegt dass d’Plattform schiedlech fir Kanner mee och fir d’Demokratie ass. Hirer Meenung no wéisst Facebook wéi een d’Sécherheet ënner anerem vun den Donnéeën erhéije kéint. Mee se géifen dat net maachen. Donieft huet d’Whistleblowerin nach gesot dass wärend der Pann um Méindeg déi sozial Netzwierker mol eng Kéier net genotzt goufe fir Spaltungen unzedreiwen. D’Frances Haugen hat intern Dokumenter iwwer Facebook un de "Wall Street Journal" weidergeschéckt.