Et wier dem Marc Zuckerberg no net richteg, dass Facebook den eegene Profit iwwer d'Wuelbefanne vun de Mënsche stelle géif.

De Facebook-Grënner Marc Zuckerberg wiert sech an engem Facebook-Post, deen hien u seng Mataarbechter riicht, géint d'Virwërf, déi di fréier Facebook-Mataarbechterin Frances Haugen géigeniwwer dem sozialen Netzwierk erhieft.

An dësem Post, heescht et ënner anerem, dass et net richteg wier, dass Facebook den eegene Profit iwwer déi allgemeng Sécherheet an d’Wuelbefanne vun de Mënsche stelle géif. Weiderhin, géif de Zuckerberg keen Technologie-Konzern kennen, dee Produiten hierstelle wéilt, déi Mënsche rosen oder depressiv maache géifen. Ausserdeem géif hie sech d’Fro stellen, firwat Facebook dann esou vill Leit astelle géif, déi géint schiedlech Inhalter virgoe sollen, wann der Plattform näischt um Kampf géint dës Inhalter leie géif.

Hei kënnt dir de ganze Post vum Marc Zuckerberg liesen: