Dem Claude Muller no, géif bei den Impfunge géint de Coronavirus scho bal de Motto "Jee méi, desto besser" gëllen.

An engem Gespréich mam "Tageblatt" huet de Lëtzebuerger Virolog Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health sech fir eng generell 3. Dosis vum Vaccin géint de Coronavirus ausgeschwat. Dem Claude Muller no, géif bei den Impfunge géint de Coronavirus scho bal de Motto "Jee méi, desto besser" gëllen.

Déi europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) hat jo viru kuerzem den Accord fir eng generell 3. Dosis vum Corona-Vaccin ginn. D’Santé huet sech an dësem Zesummenhang nach net geäussert. Op Nofro vum Tageblatt huet et vum Ministère geheescht, dass een den Ament op den Avis vum “Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses” waarde géif.

Weiderhin huet d'Tageblatt nogerechent, wéi vill Mënschen zu Lëtzebuerg bis ewell eng 3. Dosis vun engem Corona-Vaccin kruten. Deemno solle bis Enn September am Ganze 611 Mënschen hei am Land eng drëtte Kéier geimpft gi sinn.