Am Concertssall "Bataclan" goufe bei den Uschléi déi meeschten Doudesaffer gezielt.

E Mëttwoch ass e wichtegen Dag am Geriichtsprozess ëm d'Paräisser Terroruschléi vum 13. November 2015. Op dësem Dag wäerte fir déi éischte Kéier an dësem Prozess Iwwerliewender vun der Attack op de Concertssall "Bataclan" aussoen. Bei den Uschléi waren am Ganzen 130 Mënschen ëm d’Liewe komm. 90 vun hinne goufen erschoss, ewéi si am "Bataclan" op engem Concert vun der Rockband Eagles of Death Metal waren.

Am Prozess ëm d'Terroruschléi mussen sech am Ganzen 20 Ugekloter veräntweren. Haaptugekloten ass den 32 Joer ale Salah Abdeslam.