Den Ernest Lee Johnson huet en IQ vu 67. Hie gouf en Dënschdeg am amerikanesche Bundesstaat Missouri higeriicht.

Am amerikanesche Bundesstaat Missouri gouf e geeschteg beanträchtege Mënsch higeriicht. Den 61 Joer alen Ernest Lee Johnson gouf en Dënschdeg den Owend mat der Gëftsprëtz higeriicht. Dat obwuel dem Mann seng Affekoten an de Vatikan de Gouverneur vu Missouri, Mike Parson, gebieden haten de Mann wéinst senger Beanträchtegung virum Dout ze verschounen.

Vum Parson hat et an dëser Affär just geheescht, dass de Staat Missouri bereet wier d’Strof ze vollstrecken, déi den Johnson kritt hätt. Den Johnson soll en IQ vu 67 hunn. Hien hat am Joer 1994 bei engem mëssgléckten Iwwerfall 3 Ugestallter vun engem Liewensmëttelgeschäft erschoss.