© Pixabay
D’UNICEF huet e Rapport iwwer d’mental Gesondheet bei de Jonken zu Lëtzebuerg verëffentlecht.
16,5% vun de Jonken tëscht 10 an 19 Joer wiere vu mentale Probleemer betraff. 28% vun de Schüler tëscht 12 an 18 Joer hu gesot dass si sech esou traureg gefillt hunn dass dat hiren Alldag beaflosst huet. Iwwer 15% vun dëse Jonken hate scho Selbstmordgedanken. Iwwer 7% hate och scho probéiert sech ëmzebréngen.