© Pexels
E Mëttwoch de Moie gouf an der Chamber d’Petitioun 1865 debattéiert.
D’Petitionärin hat gefuerdert datt ee wéinst Menstruatiounspeng bis 2 Deeg pro Mount vun der Aarbecht dispenséiert kéint ginn. Wärend der Debatt gouf sech awer dogéint entscheet. Trotzdeem sollen d’Diskussioune weiderlafen. D’Ministere vun der Chancëgläichheet, vun der Aarbecht, Gesondheet an Educatioun kommen an enger Chamberkommissioun zesumme fir eng Léisung an der Aarbechtswelt ze fannen.