An der Nuecht op e Mëttwoch huet en alkoholiséiere Mann d’Fënster vun engem Geschäft an der Stad beschiedegt.

Géint 1h30 huet hien an der Avenue de la Liberté eng Poubelle géint eng Vitrinn geschoss. D’Alarmanlag vum Gebai gouf dobäi aktivéiert. Méi spéit gouf e Verdächtegen ermëttelt. De Mann war kloer alkoholiséiert an handgräiflech géintiwwer der Police. Well hien eng Gefor fir sech an aner Leit war gouf hien an de Passagearrest bruecht. D’Vitrinn vum Geschäft gouf staark beschiedegt. E Protokoll gouf opgeschriwwen.