De 25. September tëscht 1h00 an 3h00 gouf eng jonk Fra an de "Rives de Clausen" an der Stad ugegraff.

An deem Kontext sicht d’Police no Zeien déi eppes gesinn hunn. D’Police ass un Aussoe vun enger Koppel intresséiert déi a Richtung Plateau Altmunster géint 1h00 ënnerwee war an d’Trapen erop gaange sinn. Donieft huet eng Grupp vu jonke Leit sech ëm d’Affer beim Parking nieft dem Pont de l’Alzette tëscht 3h00 a 4h00 gekëmmert. Dorënner hunn e puer Frae spuenesch geschwat. Dës Persoune kéinten eventuell den Täter oder säin Auto gesinn hunn.

Jiddereen deen Informatiounen huet kann um (+352) 244 60 – 2235 uruffen oder eng Email schreiwen (spj.témoin@police.etat.lu).