En Donneschdeg geet et lass mat de Sondéierungsgespréicher an Däitschland.

Déi däitsch Gréng Partei an d’FDP hu proposéiert mat der SPD d’Sondéierungsgespréicher fir eng sougenannt "Ampel-Koalitioun" unzefänken. Den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz huet an deem Kader gesot dass hie mat dëser Koalitioun eng Regierung fir de Fortschrëtt vun Däitschland bilde wëll. Fir hien ass et kloer dass d’Bierger der SPD den Optrag ginn hunn eng Regierung op d’Been ze setzen.