En Dënschdeg an e Mëttwoch goufen nees Drogendealer vun der Police festgeholl.

Géint 19h30 gouf en Drogendealer an der Avenue de la Gare ertappt. Beim Client konnten deemno 2 Heroinkugele séchergestallt ginn. Beim Dealer goufen 13 Kugelen Heroin, 45 Kugele Kokain, 7 Tute Marihuana a 84 Euro saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf den Dealer festgeholl. Hie koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Géint 1h00 konnten d’Polizisten an der Stroossbuerger Strooss bei engem Client eng Kokainkugel saiséieren. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl.