Um 14h30 e Freideg de Mëtte wäerten de Xavier Bettel an d'Paulette Lenert d'Press doriwwer informéieren, wéi et mat de Corona-Mesure weidergoe wäert.

Um 14h30 e Freideg de Mëtten ass e Regierungsrot mam Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Dat um Uschloss vum Regierungsrot deen e Freideg stattfënnt. De Premier an d’Gesondheetsministesch wäerten d’Press iwwert dat neit Covid-Gesetz informéieren dat den 18. Oktober a Kraaft triede soll. Wéi RTL.lu schreift, kéint ënner anerem d’Méiglechkeet vun de Schnelltester an der Horeca ewechfalen an et kéint zu enger genereller Applikatioun vum Covid-Check kommen.