© HERBERT NEUBAUER / APA / AFP
An Éisträich ermëttelt de Parquet géint de Bundeskanzler Sebastian Kurz. Et geet ëm de Virworf vun der Korruptioun.
Éisträich befënnt sech den Ament an enger Regierungskris. De Parquet fir Wirtschaftskriminalitéit ermëttelt an Éisträich grad géint de Bundeskanzler Sebastian Kurz. Dat wéinst dem Virworf vun der Korruptioun. Schonns e Mëttwoch gouf et an dësem Zesummenhang eng Perquisitioun am Bundeskanzleramt.
Konkret, geet et ëm de Verdacht, dass Ëmfroen, déi de Sebastian Kurz gutt do stoe gelooss hunn iwwer Steiergelder finanzéiert an an der Zeitung “Österreich” publizéiert goufen. Am Géigenzuch soll de Finanzministère Reklammen an der Zeitung geschalt hunn. Dat alles soll sech am Joer 2017, wärend dem Kurz senger Zäit als Ausseminister, ofgespillt hunn.
D’Oppositiounsparteie fuerdere wéinst dëser Affär elo de Récktrëtt vum Kanzler a Gëschter Owend haten dausende Mënschen zu Wien géint de Kurz protestéiert. Mëttlerweil hunn och déi éisträichesch Gréng, mat deenen dem Kurz seng Partei ÖVP an enger Koalitioun ass a Fro gestallt, ob der Kanzler nach weider regéiere kéint.