Zu Hesper koum et en Donneschdeg an der Grondschoul zu engem sexuellen Ugrëff op e mannerjäregt Meedchen.

Dat huet de Parquet géintiwwer RTL confirméiert. De presuméierten Täter hätt sech op enger Toilette verstoppt an d’Kand aus dem Cycle 2 doropshin ugegraff. De Mann soll seng Niess Moies an d’Schoul begleet hunn. Hien ass duerno geflücht. Hie konnt awer identifizéiert a verhaft ginn. De presuméierten Täter ass virun den Untersuchungsriichter komm. D’Schoulklass vum Meedchen an d’Enseignantë gi vum Groupe de Support psychologique betreit.

De Parquet huet géintiwwer RTL präziséiert dass Ermëttlungen am Gaange sinn.