A Russland ass um Sonndeg de Moien e Fliger erofgefall. 6 Persoune goufe blesséiert a 16 hunn et net iwwerlieft.

Bei engem Fligerongléck a Russland sinn aktuellen Informatiounen no 16 Persounen um Sonndeg ëm d'Liewe komm. De Fliger ass beim Kontakt mam Buedem an zwee gespléckt.

D'Ongléck soll sech géint 09:23 Auer um Sonndeg bei der russescher Stad Menzelinsk ofgespillt hunn.

Beim Fliger handelt et sech ëm en Typ L-410 deen an der Tschechescher Republik gebaut gëtt. Wéi et heescht soll kuerz nom Start eng Pann am Motor opgefall si wéi d'Autoritéite matgedeelt hunn.

6 Persoune goufe gerett, 16 Leit hunn d'Ongléck net iwwerlieft esou heescht et weider.

Donieft soll de Fliger op enger Héicht vu 70m geflu si wéi et zu der Pann komm ass.

Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.