Déi 15. Editioun vun der UNO-Aarteschutzkonferenz fänkt um Méindeg a China un a gëtt prioritär iwwer Video ofgehalen.

Net nëmme Beien si vum Ausstierwe bedrot. Een Dag virun der UNO-Aarteschutzkonferenz a China hunn vill Ëmweltverbänn nach eemol virum Kampf géint d'Aartestierwe gewarnt.

De Verloscht vun der biologescher Diversitéit misst bis 2030 gestoppt an inverséiert ginn, esou heescht et vum World Wide Fund For Nature. De Welt-Biodiversitéitsrot warnt virum Ausstierwe vun enger Millioun Aarten an de nächsten 10 Joer. Dat entsprécht ronn 150 Aarte pro Dag.

Déi 15. Editioun vun dëser Konferenz fänkt dës Woch un a gëtt virrangeg per Videokonferenz ofgehalen. An engem zweeten Deel soll si dann Enn Abrëll am chineesesche Kunming a Presenz weidergefouert ginn.