Am Kader vun der Aféierung vum Grénge Pass an Italien, sinn um Samschdeg Dausende Leit op d'Stroosse gaange fir ze demonstréieren.

An Italien ass fir all Employé(e) de Grénge Pass Flicht. Dat bedeit, dass ouni Noweis vun enger Impfung, engem Test oder enger Infektioun déi een iwwerstanen huet, dass eng Persoun net méi dierf schaffe goen. Betraff si ronn 23 Millioune Leit.

An deem Kader sinn zu Roum Dausende Leit op d'Strooss gaange fir ze manifestéieren. D'Demonstratioune sinn deemno zum Deel gewalttäteg verlaf.

Ënnert den Demonstrante waren och rietsextremistesch Gruppéierunge vertrueden. Eng honnert Leit sollen deemno probéiert bis bei d'Parlament ze marschéieren. Barrièrë wollten Demonstranten duerchbriechen a hunn mat Still souwéi Knallbomme geheit.

D'Police huet doropshi mat Waasserwerfer, Matracken an Tréinegas reagéiert. 3 Poliziste goufe blesséiert. 12 Persoune goufe festgeholl.

Kritiker vun dësem Pass an Impfgéigner hunn sech géint déi nei Mesure staark gemaach. Allerdéngs entgeet deenen ouni 3G Noweis eng Partie Lackerungen. Deemno dierfe vun e Méindeg un nees Kinoen, Theateren a Concerten zu 100% ausgelaascht ginn. Donieft kënnen Diskothéiken nees opmaachen. Bis ewell si knapp 80% vun der italienescher Populatioun iwwer 12 Joer komplett geimpft, esou de Gesondheetsministère.