Zu Wiesbaden huet e jonke Mann net akzeptéiert eng Mask am Bus ze droen an doropshi säi Pefferspray agesat wouropshin hie geflücht ass.

E Maskeverweigerer huet Pefferspray an engem Bus zu Wiesbaden an Däitschland gesprayt.

3 Passagéier hunn doropshin ënner Irritatiounen an den Ae gelidden an hu misse vu Rettungsekippen op der Plaz versuergt ginn, wéi d'Police um Sonndeg matgedeelt huet.

Deemno war et an der Nuecht op e Samschdeg schonn an engem Bus zu Ausernanersetzungen tëscht e puer Persoune komm well de jonke Mann refuséiert hat eng Mask ze droen.

Nodeem de Mann d'Entrée an de Bus refuséiert gouf huet dëse säi Pefferspray erausgeholl an de Wee am Passagéierberäich gesprayt. Den Täter konnt méi spéit festgeholl ginn. Deemno gouf hien no de Prozeduren am Guichet nees entlooss.