Um Sonndeg haten sech zu Lübeck an Däitschland iwwer 1.000 Biker versammelt fir engem kranke Jong e schéine Gebuertsdag ze maachen.

Zu Lübeck haten sech um Sonndeg ronn 1.200 Biker a Bikerinnen aus verschidde Bundeslänner versammelt fir engem kranke Jong zum zweete Gebuertsdag ze gratuléieren. Ausléiser vum spontanen Treffe war en Opruff iwwer sozial Medien, wéi d'Police vu Lübeck matgedeelt huet. Dat ganzt ass deemno roueg a friddlech verlaf.

Wéi sech ëmmer méi Biker versammelt hunn, huet d'Police en Deel vun der concernéierter Strooss gespaart. Deviatioune goufen ageriicht. Weider heescht et, datt Biker aus Schleswig-Holstein, Hamburg, Mecklenburg-Vorpommern a Berlin komm sinn.

No ongeféier 2 Stonne war d'Versammlung eriwwer. Bis op verschidden Eenzelfäll an deene Biker Gas ginn hunn gouf et keng Tëschefäll esou d'Police.