Virun allem d’Sujete Finanzen a Steiere kéinten e Problem bei der Forméierung vun enger neier Regierung ginn.

Ganzer 10 Stonne wëllen d’SPD, d’FDP an d’Grüne e Méindeg an Däitschland iwwer d’Forméierung vun eng enger Regierung sondéieren.
Virun allem d’Sujete Finanzen a Steiere kéinten e Problem bei der Forméierung vun enger neier Regierung ginn.

Wärend d’SPD a Grüne d’Steieren, fir Mënschen, déi vill verdéngen, erop setze wëllen, huet d’FDP sech kloer géint all Form vu Steiererhéijung ausgeschwat. Och bei der Finanzéierung vum Klimaschutz, sinn d’Parteien sech nach net eens. D’Grüne wëllen dofir de maximale Montant u Scholden, deen Däitschland maachen dierf, no uewen upassen. Och do ass d’FDP dogéint.