D’lescht Woch hat dat polnescht Verfassungsgeriicht decidéiert, dass Deeler vum EU-Recht net mat der polnescher Verfassung vereenbar wieren.

An de polnescher Haaptstad Warschau an zu Danzeg, Stettin a Krakau, waren d'Mënschen e Sonndeg op d'Stroosse gaangen, fir dofir ze demonstréieren, dass hiert Land an der EU bleift.

De polneschen Oppositiounspolitiker a fréiere President vum EU-Rot, Donald Tusk, hat zu den Demonstratiounen opgeruff. Dem Tusk no, wier et mëttlerweil kloer, dass déi polnesch Regierungspartei PiS Polen aus der EU féiere wéilt. D’lescht Woch hat dat polnescht Verfassungsgeriicht decidéiert, dass Deeler vum EU-Recht net mat der polnescher Verfassung vereenbar wieren. Dat polnescht Verfassungsgeriicht gëllt ville Beobachter als vun der PiS beaflosst.