Eng alkoholiséiert Automobilistin hat zu Ettelbréck e Foussgänger ugestouss.

E Sonndeg am Nomëtteg gouf e Mann op engem Zebrasträifen an der Rue des Chariots zu Ettelbréck vun engem Auto, deen aus der Direktioun vun der Feelener Strooss koum, ugestouss. D’Fuererin vum Auto war nom Accident weider gefuer, ouni sech ëm de blesséierte Mann ze këmmeren. D’Poliziste konnten si allerdéngs kuerz nom Accident untreffen. Den Alkoholtest war positiv an der Fra hire Führerschäi gouf agezunn. An dësem Zesummenhang sicht d’Police den Ament no Zeien, déi den Accident beobacht hunn. Dës si gebieden sech beim Policekommissariat Dikrech/Veianen ze mellen. Dat iwwert d'Telefonsnummer 244 80 1000 oder via d'Mailadress "Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu".