E Freideg de Mëtte gouf nees am Garer Quartier en Drogendealer festgeholl. Dat mellt d'Police um Méindeg.

Bei der Kontroll ass der Police opgefall dass de Verdächtege versicht huet, eppes ofzeschlécken. Hien huet doropshin och zouginn e puer Kugelen Drogen ofgeschléckt ze hunn. Op Uerder vum Parquet gouf e Scanner am Spidol gemaach. De Mann hat deemno zwou Dose Friemkierper ofgeschléckt. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.