An Éisträich gëtt et zënter e Méindeg en neie Bundeskanzler.

Den 52-järegen Alexander Schallenberg gouf e Méindeg zu Wien als Regierungschef vereedegt. Dëst nom Récktrëtt vum Sebastian Kurz. D’Koalitioun tëscht der Grénger Partei an der ÖVP bleift bestoen. De Sebastian Kurz war e Samschdeg wéinst Korruptiounsvirwërf zeréckgetrueden.