E Méindeg ass den éischten automateschen Zuch vun der Welt an Däitschland gefuer.

Zu Hamburg ass deen éischten digitalen Zuch gefuer. D’Chauffere sinn awer nach ëmmer do fir d’Faart z’iwwerwaachen. Donieft si si och nach do fir op d’Passagéier opzepassen. Ronn 60 Milliounen Euro goufe fir den automateschen Zuch vun der Stad Hamburg, vun der Däitscher Bunn a vu Siemens investéiert.