D’EU-Kommissioun verschenkt nees gratis Interrail-Ticketen u jonk Europäer.

Dëst am Kader vum Reesprogramm "DiscoverEU". Vun en Dënschdeg un kënne sech wärend dräi Woche 60.000 Persounen tëscht 18 an 20 Joer mellen. Déi Leit, déi selektionéiert goufen, kënnen dann tëscht Mäerz 2022 a Februar 2023 30 Deeg laang mam Zuch duerch Europa reesen. Grond wier dass déi Jonk wärend der Pandemie vill Momenter vun hirer Jugend verpasst hunn an dës nohuele sollen.