Dat lescht Joer war an der Chamber eent vun de Rekorder.

Tëscht dem Oktober zejoert an e Méindeg waren déi Deputéiert am Ganzen 73 mol fir eng ëffentlech Sëtzung an der Chamber zesummekomm.
Dës Zuel hat de Chamberspresident Fernand Etgen e Méindeg op der Bilans-Pressekonferenz vun der Chamber kommunizéiert. Zesummegeholl haten dës Sëtzungen 315 Stonnen an 33 Minutte gedauert.

Am Ganze goufe wärend der leschter Sessioun 165 Gesetzer a 6 Gesetzesvirschléi gestëmmt. Ausserdeem haten déi Deputéiert 180 Entwërf an 20 Propositioune fir nei Gesetzer abruecht.

Déi eenzel Kommissioune waren iwwerdeems 813 mol zesumme komm. Wärend dem parlamentaresche Joer 2019-2020 war dat nëmme 687 mol de Fall.

Och bei de parlamentaresche Froe gouf et en neie Rekord. Wärend déi Deputéiert Därer d’lescht Joer 2.094 gestallt haten, waren et der déi Sessioun virdrun nëmmen 1.650. Och d'Zuel vun den urgente parlamentaresche Froe war mat 271 wärend der leschter Sessioun däitlech méi héich ewéi an Där virdrun. Do goufen nach 190 dëser Froe gestallt.

Schliisslech gouf et och bei de Petitiounen en neie Rekord. 327 ëffentlech an 22 einfach Petitioune goufe wärend der leschter Chambersessioun gezielt. 8 dovunner kruten déi néideg 4.500 Stëmme fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.