De Premier Xavier Bettel huet d’Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen.

D’Haapt Punkte waren ënner anerem de Klimawandel, d’Wunnengspräisser a sozial Problemer.

Klimapolitik

D’Zil vun der Regierung wier et bis 2030 Zäregas-Emissiounen ëm 55 Prozent ze reduzéieren. Et wier och wichteg massiv an d'Erfuerschung vun neien Technologien z'investéieren. Preventiv Mesurë géint d'Äerderwiermung sinn an deem Kontext wichteg. Lëtzebuerg setzt deemno op de Biogas an de Waasserstoff als alternativ Energiequellen. Donieft huet de Xavier Bettel e Biergerrot ugekënnegt dee sech aus 100 Memberen zesummesetze wäert fir mat Experten iwwer déi konkret Klimafroen ze diskutéieren. D'Mobilitéit gouf och ugeschwat. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, déi am meeschten an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéieren.

Finanziell Situatioun

De Premier huet och méi konkret iwwer déi finanziell Situatioun vum Land geschwat. D’Chômage-Zuele wiere quasi um selwechten Niveau wéi virun der Pandemie. Dowéinst wäert et keng Austeritéitspolitik an keng Steiererhéijunge ginn. Iwwer eng Milliard Euro u Chômage Partiel goufen un d'Betriber ausbezuelt. Donieft gouf vill gemaach fir d'Aarbechtsplazen ofzesécheren, esou de Xavier Bettel.

Logement

De Premier huet natierlech och iwwer de Probleem vum Logement geschwat. Et wäert och massiv an de Wunnengsbau investéiert ginn. Am nächste Joer deposéiert d'Regierung e Projet de Loi iwwer d'Reform vun der Grondsteier.

Corona-Pandemie

Och d’Corona-Pandemie an déi nei Mesure ware wichteg Sujeten. Aus enger Etüd ass ervirgaangen datt Lëtzebuerg mat Hëllef vum Large-Scale-Testing iwwer 99 Prozent vun all den Infektiounen entdeckt hätt. Donieft ass d'Virbereedung op eng zukünfteg Pandemie wichteg. D’Regierung gëtt der OECD d’Missioun d’Krisegestioun zu Lëtzebuerg onofhängeg z’analyséieren. An deem Kader gëtt och d’nächst Joer en nationale Plang vun der mentaler Gesondheet virgestallt.

Sozial Probleemer an Digitaliséierung

De Premier huet och ugekënnegt dass e Recht op Deelzäit-Aarbecht agefouert gëtt. Donieft goufe sozial Probleemer ugeschwat. Zum Beispill wäerte Kanner vu Famillje mat klengem a mëttlerem Akommes gratis an der Grondschoul an am Lycée iesse kënnen. Och wäert d’Regierung intensiv an d’Digitaliséierung investéieren. Als Conclusioun sot de Premier dass d’Zil ass dass jidderee gutt zu Lëtzebuerg liewe kann.