Op der Streck N2 tëscht dem Rond-Point Sandweiler a Schraasseg ass et en Dënschdeg de Moien kuerz virun 11h00 zu engem schwéieren Accident komm.

E Camion an en Auto sinn aneneegerannt. Fir déi zwou Persounen am Auto ass all Hëllef ze spéit komm. Déi 54-järeg Fra an den 55-järege Mann aus dem däitsche Grenzgebitt sinn un de Suitte vun hire Blessuren op der Plaz gestuerwen. De Chauffer a Bäifuerer vum Camion an eng weider Persoun sinn an d’Spidol transportéiert ginn.

Op Uerder vum Parquet ass de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz komm. D’Streck ass fir de Verkéier gespaart.

An deem Kader sicht d’Police no Zeien déi eppes gesinn hunn. Dës Persoune solle sech bei der Police Sirdall mellen (Tel.: (+352) 244 78 1000 oder per E-Mail: police.syrdall@police.etat.lu ).

Ënner anerem gëtt de Chauffer vun engem donkelen Auto, deen a Richtung Stad ënnerwee war, gesicht esou wéi eng 45-50-järeg Fra mat gekrauselten Hoer déi Lëtzebuergesch geschwat huet a sech op der Foussgängerbréck opgehalen huet.