E Méindeg de Moie goufen zu Wolz zwee Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz festgestallt.

Wéi d’Beamte vun der ITM eng Baustell kontrolléiert hunn, sinn zwee Aarbechter opgefall déi sech illegal hei am Land opgehalen hunn. Den Ausseministère, dee vun der Police informéiert gouf, huet decidéiert dass béid Männer an den Ausreese-Zenter komme sollen.