Schonn en Dënschdeg goufen et éischt Reaktiounen op dem Staatsminister Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun.

Éier déi Deputéiert e Mëttwoch um 14h00 an en Donneschdeg um 09h00 um Krautmaart zesumme komme fir iwwer dem Premierminister Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun ze debattéieren, goufen et aus der Zivilgesellschaft schonn en Dënschdeg den Owend éischt Reaktiounen op den Etat de la Nation.

Éischt Kriticken un der Ried goufen et ënner anerem vun der OGBL-Presidentin Nora Back. Géigeniwwer dem Tageblatt huet si kritiséiert, dass de Xavier Bettel a senger Ried net op d’Groussregioun, de Laangzäit-Chômage an de Sozialsystem agaange wier. Och de Klima-Biergerrot gesäit si skeptesch a stellt d’Fro, firwat d’Bierger net iwwert den institutionaliséierte Sozialdialog mat abezu géife ginn. Duerch d’Schafe vun engem Klimarot, géif de Premier ausdrécken, dass hien d’Sozialpartner an dëser Saach bausse vir wéilt loossen.

Och d’Presidentin vum Mouvement Ecologique, d’Blanche Weber gesäit de Klima-Biergerrot skeptesch. Si fäert, dass d’Regierung urgent Decisiounen op Dësen iwwerdroe kéint. Dat kéint dann dozou féieren, dass dës Decisiounen net getraff géife ginn.

Gemëschte Reaktioune koumen iwwerdeems vun der Chambre du Commerce. Där hiren Direkter Carlo Thelen huet géigeniwwer dem Tageblatt ënner Anerem d’Ukënnegung begréisst, dass d’Betriber, déi méi klimafrëndlech wëlle ginn, dofir staatlech Subside solle kréien. Fir, dass d’Betriber mat op de Wee vum Klimaschutz géife goen, misst een hinne Planungssécherheet bidden. Och déi ugekënnegt Tripartite zum Thema vum Aarbechtsmaart huet de Carlo Thelen begréisst. Den Ament géife qualifizéiert Leit feelen. Dowéinst wiere Weiderbildungen an Ëmschoulungen néideg. Skeptesch ass ee bei der Chambre du Commerce allerdéngs wéinst der ugekënnegter Reform vun der Grondsteier an der Steier op d'Spekulatioun op den Immobilien. Dës wieren éischter Gadgeten. Fir de Probleem um Wunnengsmaart ze léise misst villméi D'Zuel vun de Wunnengen um Marché erhéicht ginn.

Als ee vun den éischte Politiker hat iwwerdeems de Sven Clement vun der Piratepartei op d'Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert. Iwwer Twitter hat hie matgedeelt, dass hien an de Mesuren, déi de Xavier Bettel a senger Ried ugekënnegt hat, virun allem eng Ëmverdeelung vun ënnen no uewe géif gesinn.