An der Nuecht vun ee Dënnschten op ee Mëttwoch mellt Police een Accident mat héijem Materialschued zu Äischen.

Een Automobilist ass mat sengem Gefier an ee Gebai gerannt. Dobäi ass den Auto e puer Meter an d’Geschäft eragefuer. De Chauffer gouf op der Plaz wéinst senge liichte Blessurë vum Rettungsdéngscht versuergt. Um Gebai an um Auto ass een héije Materialschued entstanen. Nodeems d’Police eng kleng Tut Marihuana séchergestallt huet, gouf een Drogentest gemaach. Dësen ass positiv ausgefall.