Op der Gare huet d’Spezialunitéit vun der Police gëschter am Nomëtten een Drogendealer festgeholl.

De Mann gouf wärend dem Verkafe vun Droge festgeholl, sou d’Police. Dësen hat 8 Kokainkugele bei sech. De Keefer vun den Droge war och am Besëtz vun enger Kokainkugel. Op Uerder vum Parquet koum den Dealer an d’Untersuchungshaft.