Et ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 3.073 Tester waren der 163 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Mëttwoch matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass eng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt deemno op 838.

Am Moment leien 21 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 2 op der Intensivstatioun.