De Schauspiller vum Käptn Kirk ass fir eng éischte Kéier wierklech an d’Weltall geflunn.

De William Shatner, bekannt aus Raumschiff Enterprise, aus um Mëttwoch mat enger Raumkapsel vun der Firma Blue Origin an d‘All. Dëst ass d’Firma vum Amazon-Grënner Jeff Bezos. De Fluch huet am ganzen 10 Minutte gedauert. A mat sengen 90 Joer ass de Shatner den eelste Mann dee jeemools am Weltall war.