Um Mëttwochmëtten hunn Deputéiert an der Chamber op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun vum Dënschden reagéiert.

Kritiséiert gouf hei vun de Deputéiert ënner anerem, d’Ëmsetzung vun der kompletter Automobilitéitsbranche op elektresch Gefierer fir 2050. Dëst géif mat dem aktuelle Stand un Elektrogefier nach 46 Joer daueren. Des Weidere gëtt eng méi staark Ëmsetzung vun der Digitalisatioun an de Schoule gefuerdert. An déi zukünftege Pläng fir de Wunnsecteur goufen deelweis kritiséiert. Hei misst een auslänneschen Investoren, déi an de Wunnengsmaart wëllen investéieren, méi Oplage virleeën. An et misst ee mat neien Iddien a Projete schaffen, fir d’Situatioun um Wunnengsmaart nees an de Grëff ze kréien, wéi zum Beispill d’Iddi vun Tiny Houses.