Beim Amokleefer soll et sech ëm e 37 Joer ale Mann handelen. Déi norwegesch Police stuuft Dot als Terrorakt an.

Bei engem Amoklaf an der norwegescher Stad Konsberg si 5 Mënschen ëm d’Liewe komm an 2 weiderer goufe blesséiert.

Beim Amokleefer soll et sech der norwegescher Police no ëm e 37 Joer alen dänesche Staatsbierger handelen. Hien hat e Mëttwoch den Owend op e puer verschiddene Plazen an der Stad mat Feil a Bou an anere Waffen op Mënsche geschoss.

Déi norwegesch Police konnt hie kuerz no der Dot festhuelen. Wéi et vun engem Spriecher vun der Police heescht, gëtt Dot als Terrorakt agestuuft. Den Täter soll zum Islam konvertéiert hunn an et géifen Hiweiser zu enger islamistescher Radikaliséierung ginn. Trotzdeem wier et nach ze fréi, fir eppes iwwert konkret Motiver ze soen.