De lëtzebuergesche Premier huet misse säi Persouneschutz verstäerkt.

Well hien no der Presentatioun vum neie Covid-Gesetz lescht Woch Doudesmenace krut, huet de Premier Xavier Bettel säi Persouneschutz misse verstäerken. Dëst huet de Premier um Donneschdegmëtten an der Chamber matgedeelt. Dowéinst gouf säi perséinleche Schutz duerch d’Police mëttlerweil verstäerkt.

Dobäi huet de Bettel nach eng Kéier betount, dass et kee generellt CovidCheck-Regime mat enger Impfflicht géif ginn. D’Impfung ass weiderhi fräiwëlleg a wien sech impfe wëll loossen, kann dat nach ëmmer gratis maachen.