Zu London ass um Donneschden dat zerschreddert Wierk vum Banksy versteet ginn.

Scho virun dräi Joer ass dem Banksy säi Bild vollstänneg fir eng Millioun Pond versteet ginn. Kuerz drop ass dëst dunn bis zur Hallschent zerstéiert ginn. Dat well ee Schredder an der Rumm vum Bild integréiert war. De Kënschtler selwer hat sech zu dëser Dot bekennt. Um Donneschden ass dann dat futtis Bild eng weider Kéier versteet ginn. Dëst Kéier gouf de Präis op 5 bis 7 Milliounen Euro geschat. D'Bild wéisst ee Meedche wat ee rouden häerzfërmege Loftballon unhält.