Et sinn 2 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vu 4.399 Tester waren der 335 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems sinn 2 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder op 866.

Am Moment leien 53 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 10 op der Intensivstatioun.