D'Police mellt, dass bei engem Autosaccident am Süde vum Land um Sonndeg Moien zwou Persoune schwéierblesséiert gi sinn.

E Chauffer, deen aus Richtung Frankräich komm ass, huet am Rond-Point Micheville zu Esch-Belval kuerz virun hallwer 9 um Sonndeg Moien d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an ass doduerch riicht iwwer de Rond-Point gefuer.
Duerch den Opprall sinn de Chauffer an de Bäifuerer schwéier blesséiert ginn. Zwou weider Persounen, déi hannen am Auto souzen, si liicht verwonnt ginn. Dem Chauffer konnt Alkohol am Blutt nogewise ginn.

De Samu, sou wéi d'Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng, Esch a Käerjeng-Péiteng waren hei op der Plaz.