Mat deem neie Gesetz wäert ënner anerem d'Applikatioun vum CovidCheck ausgebreet ginn.

Dat neit Covid-Gesetz gouf e Méindeg an der Chamber gestëmmt. Dat mat de Stëmme vun de Regierungsparteien. D'Oppositioun huet géint d'Gesetz gestëmmt.

Mat deem neie Gesetz wäert ënner anerem d'Applikatioun vum CovidCheck ausgebreet ginn. Esou wäert Dëse fir d'Banne-Beräicher vun der Horeca obligatoresch ginn. Op den Terrassen, bleift en allerdéngs fakultativ.

Dat neit Gesetz schaaft och d'Méiglechkeet, dass de CovidCheck op der Aarbecht agefouert gëtt. Dëst esouwuel beim Staat, ewéi och am Privatsecteur. De Patron kann dobäi decidéieren, ob de Covid-Check fir de ganze Betrib, oder nëmme fir verschidden Deeler vum Betrib gëllt.

Mat deem neie Gesetz, wäerten d'Kanner vun engem Alter vun 12 Joer an 2 Méint un de CovidCheck erfëlle mussen, wann si op eng vun den uewe genannte Plaze ginn. Bis ewell hat dat scho fir Kanner vun engem Alter vu 6 Joer u gegollt.

Eng weider Upassung gëtt et da bei de Schnelltester. Bei Evenementer, déi ënnert dem Regimm vum CovidCheck stattfannen, wäerten an Zukunft nëmmen nach Tester akzeptéiert ginn, déi vun engem Professionellen aus dem Gesondheetssecteur gemaach an zertifiéiert goufen. D'Méiglechkeet e Schnelltest op der Plaz ze maachen, wäert domat ewechfalen. Dës Ännerung wäert och fir d'Banne-Beräicher vun der Horeca gëllen. Vum 1. November un, wäerten also nëmmen nach Schnelltester, déi mat engem QR-Code zertifiéiert goufen, a fir déi een deementspriechend bezuele muss, akzeptéiert ginn.

Schliisslech gouf d'Zuel vun de Persounen, déi sech ouni, dass d'Santé muss informéiert ginn, maximal versammelen dierfen, mat deem neie Gesetz no uewen ugepasst. Dat vun 300 op 2.000. Deemno wäerten sech an Zukunft maximal 2.000 Persounen op engem Evenement, dat ënnert dem Regimm vum CovidCheck stattfënnt, treffen dierfen. Evenementer mat méi ewéi 2.000 Leit mussen iwwerdeems bei der Santé ugemellt ginn an et muss een en eegent sanitäert Konzept fir dësen Evenement virleeën.